Ech loossen fauchen, ech bleiwe léiwer oft de Stommen, jidderee wëll tauchen, mä bal keen ass fräigeschwommen. Ech soen et just eemol, kanns de net vernennen, ech sinn ebe wéi eng Tefals-Pan, ech loossen ubrennen.
Eis krute mer aus dem Papp senger Kollektioun verierft, Hiphop ass Musek, et ass ee Gefill, wat ee lieft. An eis Sprooch net aus, et ass jo kee Latäin, genéiss eise op der Couch an engem Pätsche Wäin.
Mär däi Kamäin, well um Mikro sinn ech bësseg, well de Schlauch drëpst, bleift deen heite flësseg. Also stëppel net, du Krëppel, oder ech dengem i den Tëppel. An steet...
Deng Ouere kréien Aen, ech de Beat mat menge Wierder fierwen. Wat wëlls de man, ech dech aus der Realitéit eraushiewen? Dat geet un all oder Bonzekand, komm danz op eise a fill dech wéi d'Alice am Wonnerland.
Meng Sënner reesen duerch ewéi an der Bibel d'Nomaden, ech balancéieren um dënne Fuedem, do wou d'Leit sech en erwaarden. Fir mech zielt de Moment, mäi ass improviséiert, d'Haaptsaach, d'Beats si programméiert; kee Plang, wat passéiert.
Ech netze Gorgée, fir aus mir erauszeklammen, de Kueb wäert elo aus Nascht verschwannen. D'Flilleke gespëtzt, a prett fir an der z'erbléien, wann hie seng mécht, ma da loosst hien och fléien.
Probéieren Dag fir Dag, mär d'Lat héich ze leeën, wann ech op der Landkaart Flecke verdeelen. Et wäert reenen fir den hongerege Buedem, och wann d'Pänz sech u Chrëschtdag iwwerlueden.
Ech mole mäi Numm an de Schnéi an dëser Wanterzäit, a wann d'Kand erëm jäizt, da weess d'Mamm, et ass souwäit. De Kueb ass do an ëmkreest säin Eck, de Monopol vum Sproochgesang ewéi de Eck.