Ech loossen fauchen, ech bleiwe léiwer oft de Stommen, well jidderee wëll tauchen, mä bal ass fräigeschwommen. Ech soen et eemol, mech kanns de net vernennen, ech sinn ebe eng Tefals-Pan, ech loossen näischt ubrennen.
Eis Influenze mer aus dem Papp senger Kollektioun verierft, Hiphop ass Musek, et ass ee Gefill, wat ee lieft. An eis stierft net aus, et ass jo kee Latäin, genéiss Sound op der Couch an engem Pätsche Wäin.
Mär däi Kamäin, well um Mikro sinn ech bësseg, soulaang de Schlauch drëpst, bleift deen heite flësseg. Also stëppel net, du Krëppel, oder ech lénken i den Tëppel. An steet...
Deng Ouere kréien Aen, wann ech de Beat mat menge fierwen. Wat wëlls de man, wann ech dech aus der Realitéit Dat geet un all oder Bonzekand, komm op eise Frequenzen a fill dech wéi d'Alice am Wonnerland.
Meng Sënner duerch d'Land ewéi an der Bibel d'Nomaden, ech balancéieren um dënne Fuedem, do wou sech en Equiliber erwaarden. Fir mech zielt de Moment, mäi ass improviséiert, d'Haaptsaach, d'Beats si programméiert; kee Plang, wat passéiert.
Ech meng Gorgée, fir aus mir erauszeklammen, de Kueb wäert elo aus Nascht verschwannen. D'Flilleke gespëtzt, a fir an der Minett z'erbléien, wann hie Erfahrunge mécht, ma da loosst hien och fléien.
Dag fir Dag, mär d'Lat méi héich ze leeën, wann ech op der Landkaart wäiss verdeelen. Et reenen Dünger fir den hongerege Buedem, och wann d'Pänz sech u rëm iwwerlueden.
Ech mole mäi gielen Numm an de Schnéi an Wanterzäit, a wann d'Kand jäizt, da weess d'Mamm, et ass erëm souwäit. De Kueb ass rëm do an säin Eck, de Monopol vum Sproochgesang de Scholesch Eck.